E Kulturhaaptstadjoer auszeriichten ass a villen Hisiichten e Mammutprojet: kënschtleresch, finanziell an natierlech och organisatoresch. Eist ECOC-Team kéint nach esou grouss sinn: Fir dass d’Joer e Succès gëtt, brauche mir d’Ënnerstëtzung vun der Bevëlkerung. All Eenzele kann dozou bäidroen. Ob als Kënschtler, deen eng Iddi fir e Projet huet, als Entreprise, déi Sponsor wëll ginn, als Vereenegung, déi sech engagéiere wëll, oder als Eenzelpersoun, déi matmaache wëll – mir brauchen all Hëllef. An dat ab elo.