Remix Yourself

Remix
Yourself.

Mat dem Konzept REMIX CULTURE schwätze mer eng vun de wichtegste Froe vun der haiteger Gesellschaft an indirekt och d'wirtschaftlech Rahmebedingunge vun der Zukunft un. D'Digitaliséierung huet en déifgräifenden Impakt op d'Produktioun vu Wueren a Servicer. Kee Produit hautdesdaags huet net Dausende vun Tester ënner méi realistesche Bedéngunge wéi jeemools virdrun duerchgelaf.

An der Vergaangenheet ware konkret Prototyppen néideg, fir zum Beispill en neie Fliger ze entwéckelen. Eng Rei Materialtester duerchzeféieren, ass haut méi einfach: Et geet duer, op e Knäppchen ze drécken, ouni zwou Moleküllen an der physescher Realitéit musse mateneen a Verbindung ze bréngen. D'Geheimnis ass d'virtuell Realitéit, déi „zweet“ Realitéit an der Digitaliséierung, déi scho laang eng Normalitéit ginn ass. Allerdéngs huet dëst onbekannten Auswierkungen op de Mënsch. D'digital Iwwerwaachung ass allgéigewäerteg. All Telefonsgespréich, all E-Mail, all Paiement gëtt iwwerwaacht, an eis Handyen hannerloosse Foussofdréck, déi d'däischterst Zukunftsvisioune vum Iwwerwaachungsstaat à la George Orwell wéi e Kannerspill ausgesi loossen.

Wat mécht dat mat de Leit? Wou ass d'Mënschlechkeet déisäit der Isolatioun vum Eenzelen hannert sengem Smartphone, deen Uert, Raum an Zäit auslaacht, wéi wann et keng Realitéit géif ginn? Et ass un der Zäit, dass de Mënsch sech nees selwer fënnt: REMIX YOURSELF. Mat dësem Motto wëlle mir eis aktiv fir d'Selbstbestëmmung vum Mënsch engagéieren an eng Kultur vun der Participatioun notzen, fir d'Leit am Süde vu Lëtzebuerg an an der CCPHVA op där anerer Säit vun der Grenz dozou z'inspiréieren, hir gemeinsam Zukunft positiv, aktiv a verantwortungsbewosst matzegestalten, andeems mir d'Realitéit vun de physesche Renconteren an engem richtegen Zesummesinn der virtueller Welt an hire falsche Renconteren entgéintsetzen.

Remix Yourself

Et ass selbstverständlech, dass mir oft all d'Méiglechkeete vun der digitaler Konscht benotzen an un hir Grenze goe wäerten, well och mir si faszinéiert vun dësen neien Tools, mat deenen eis Perceptioun vergréissert gëtt, a mir wëllen net méi op si verzichten. Mir wëllen awer och, dass de Mënsch bestëmmt, wat geschitt, an d'Digitaliséierung als eist eegent Instrument gesäit an notzt.

Remix Yourself