Remix Nature

Remix
Nature.

A punkto natierlech Raim feelt et eiser Regioun u Visibilitéit. Virun dësem Hannergrond gesäit sech REMIX NATURE als en Opruff fir eng aktiv an aktivéierend Form vu Reamenagement, déi d'Populatioun mobiliséiert a gläichzäiteg op d'Traditioun an de Patrimoine zréckgräift. An dësen Opruff ass virun allem eppes: voller Zukunft.

Am Süde leie Landschaften, heteroge Siedlungsstrukturen, Industriebroochen an en héich komplexe Patchwork un Infrastrukture ganz no beieneen. Déi al Industriesitten si remarkabel Monumenter. Virum allem Belval, dat en Universitéitsstanduert ginn ass als Deel vun engem ëmfaassende Reamenagementsplang, deem säi ganzen Architekturensembel mat senge charakteristeschen Héichiewen d'Landschaft definéiert ‒ esouwuel op der Nordsäit zu Lëtzebuerg wéi och op der Südsäit a Frankräich.

Fir dass eng nei Visibilitéit fir d'ganz Regioun méiglech gëtt, wäert Culture Jamming eng zentral Roll spille mat kënschtlereschen Interventioune wéi Projektiounen, Graffiti, Performancen an Installatiounen.

Remix Nature