Remix Europe

Remix
Europe.

"An der haiteger Zäit, mat engem Europa an der Kris, wou den Nationalismus wéi e Wollef am Schofspelz schéngt, musse mir zwou Saache gläichzäiteg maachen als positiivt Beispill fir d'zukünfteg Entwécklung vun Europa. D'Grondwäerter, déi Europa zesammenhalen, nei entdecken a se mat enger neier Visioun vun Europa vermëschen: REMIX EUROPE.

Mat eiser Kandidatur huele mir ganz bewosst Positioun géint déi vill Forme vu Xenophobie, kultureller Exklusioun an Ofgrenzung, déi an ëmmer méi Regiounen an Europa an an der Welt optrieden – well mir der Meenung sinn, dass d'Zukunft vun Europa an enger ganz radikaler Vermëschung vu sengen an all den anere Kulturen, déi ee sech virstelle kann, läit.

all we need

De Süde vu Lëtzebuerg, d'aalt industriellt Häerz vun Europa, ass positiv predestinéiert, fir dëst ze beweisen. De Süde vu Lëtzebuerg mat iwwer 50 % Net-Lëtzebuerger ass e Labo vun der europäescher Entwécklung, eng Zon mat enger kontinueller kultureller Interaktioun. Mir mussen d'Wonne vun Europa lokaliséieren, fir besser ze verstoen, dass eis regional Situatioun net vum selwe geschitt ass, mä wéinst speziellen ekonomeschen, politeschen a soziale Konditiounen, déi sech veränneren. En Europa no Srebrenica, no Sochumi, no dem Brexit ass ganz anescht wéi virdrun. En Europa, an deem et nach ëmmer Länner ouni offiziell unerkannte Status gëtt – Abchasien, Transnistrien, Nord-Zypern –, ass en Europa mat „Lächer“. En Europa, dat haart freet, ob et en Europa mat oder ouni d'Tierkei, mat oder ouni Russland, mat oder ouni England/d'Vereenegt Kinnekräich ass – an ob et vläicht méi europäesch ouni si ass. All Wahl enthält onweigerlech de Risiko, dass Europa selwer nees a Fro gestallt gëtt, a gläichzäiteg ass dëst Afrostellen eng Chance.

Verstoen, dass Europa fragil ass als Iddi, als territoriale Prinzip, als politescht Konstrukt, als Wäertergemeinschaft an als Kulturraum ass en essentiellen Ausgangspunkt vun all programmatescher Iwwerleeung, déi sech serieux mat der Iddi Europa auserneesetze wëll. A gläichzäiteg ass dëst Afrostellen eng vun de Stäerke vun Europa. "

La prise de conscience