Remix Yourself

Remix
Art.

Spéitstens am Ufank vum 20. Joerhonnert ass en neit Konzept entstanen, wat Konscht ass, a gouf entscheedend duerch d'technesch Reproduzéierbarkeet vun der Konscht beaflosst. An de leschten drësseg Joer hunn sech wéinst der „digitaler Revolutioun“ d'Bedéngungen, wéi Konscht produzéiert an ugeholl gëtt, komplett verännert.

Virun dësem Hannergrond offréiert eis Regioun mat hirem industrielle Patrimoine, hirer Orientéierung hin zu neien Technologien a Plazen, wou sech esou vill verschidde Kulture begéinen, a villen Hisiichte fruchtbare Buedem, fir iwwert d'Zukunft vun der Konscht am Kontext vun der Europäescher Kulturhaaptstad, wat de ganze kënschtleresche Spektrum ugeet, nozedenken an nei Impulser duerch eng Rei exzeptionell kënschtleresch Evenementer ze ginn. Nei Initiative fir eng nei Konscht mussen d'Populatioun direkt drun deelhuele loossen, fir eng ausdrocksstaark Kontributioun zu der Transformatioun vun der kultureller Landschaft an eiser Regioun ze leeschten, andeems déi bestoend Infrastruktur esou vill wéi méiglech genotzt gëtt.

Remix Art

Evenementer mat enger europäescher Visibilitéit, déi dozou bäidroe wäerten, d'Qualitéit vun eiser zäitgenëssescher Kulturproduktioun nohalteg ze dokumentéieren a Spectateuren aus ganz Europa dofir ze interesséieren, wäerten Hand an Hand mat der Stäerkung vun de lokalen a regionale Parameter vun der Konschtzeen an dëser Regioun ‒ op eng méiglechst enk Manéier ‒ goen.

Remix Art