Presentéiert är Projetsiddi
D’Kulturhaaptstadjoer ass eng Chance, Iddien a Projeten ze verwandelen, Mënschen zesummenzebréngen a Konschtwierker ze schafen, déi soss vläicht fir d’éischt mol am Tirang bliwwe wieren. Jiddereen, deen eng Iddi huet, déi eise kënschtleresche Programm ergänzen a beräichere kann, ass häerzlech invitéiert, si mat eis ze deelen.Jee méi sech en eenzele Projet an eise globale Projet integréiere léisst, ëmsou méi grouss ass seng Chance, ugeholl ze ginn. Huet et eppes mat eisem Thema REMIX ze dinn? Léisst e sech eventuell an ee vun eise grousse Projeten integréieren? Ass e participativ? Mat europäesche Partner entworf?
Presentéiert är ProjetsiddiHëlleft mat
Et gëtt esou vill ze dinn. An zwar schonns elo, an der Virbereedungszäit: Saachen oder Leit transportéieren, Flyer verdeelen, Kënschtler betreien, Texter iwwersetzen, Reklamm maachen. Jiddereen, dee Loscht huet, seng Erfahrungen a Kenntnisser anzebréngen, ass häerzlech wëllkomm. Jiddereen däerf matmaachen. E Mammutprojet wéi d’Organiséiere vun engem Kulturhaaptstadjoer ka just e Succès ginn, wann op d’Hëllef an d’Ënnerstëtzung vun all Eenzele gebaut ka ginn. Wie Loscht huet, matzemaachen, soll sech w.e.g. bei eis mellen. Et gëtt genuch ze sinn!
Hëlleft matSponsor Esch – Club 2022
Zu Mons, Europäescht Kulturhaaptstadjoer 2015, huet et funktionéiert. An och zu Leeuwarden, Europäescht Kulturhaaptstadjoer 2018, schéngt de Club e Succès ze ginn. Dowéinst wëlle mir d’Iddi iwwerhuelen a mat dem Ariichte vun eisem Club 2022 Partner fannen, déi eis organisatoresch a finanziell ënnerstëtzen. De Prinzip ass einfach: Mir bidden 2022 Entreprisen d’Méiglechkeet, fir 2022 Euro „offizielle Sponsor“ vun Esch2022 ze ginn. Mir sinn am Gaang, en interessante Pak mat Déngscht- a Publicitéitsleeschtungen auszeschaffen, deen d’Engagement vun de Betriber beloune soll. Geschwë wäert et heizou, an iwwer weider Sponsorméiglechkeeten, méi Informatioune ginn.
Sponsor Esch – Club 2022Kulturparlament
Mir sinn am Gaang, e Kulturparlament ze grënnen. Well d’Erfarungen an d’Kenntnisser aus der Bevëlkerung si fir eis och wichteg, fir eis Aarbecht ze kontrolléieren. D’Kulturparlament soll eemol am Mount zesummekommen a sécherstellen, dass mir op dem richtege Wee bleiwen, fir e Projet ze entwéckelen, dee bei d’Regioun an hir Awunner passt. D’Kulturparlament soll och garantéieren, dass eise Projet net „im stillen Kämmerlein“, mä a gréisster Transparenz ausgeschafft gëtt.
Kontaktéiert eisRemix Culture club
Mir sinn déck begeeschtert vun eisem Programm-Phare, fir d'Gemeinschaft anzebannen: dem Remix Culture Club. Dëst ass e Labo fir d'Gestaltung vun der Zukunft an den Opbau vu Kapassitéiten. En ass inspiréiert vun der Band Culture Club mam Boy George als Frontmann, déi hir gréissten Erfolleger an den 80er gefeiert an net just Geschicht mat hirer Musek geschriwwen huet, mä och duerch hire Courage, anescht ze sinn – mat enger frecher Astellung an iwwer d'Geschlechtergrenzen eraus. Si waren d'Inspiratioun fir den Numm vun eisem Remix Culture Club. Als Ikon vun der Selbstbestëmmung wäert de Boy George de Parrain vun eisem Remix Culture Club ginn. De Remix Culture Club wäert schonn 2018 lassgoe mat enger breet ugeluechter Rei Atelieren op verschiddene Plazen op eisem ganzen Territoire. En ass interdisziplinär, experimentell an inklusiv a soll Professioneller aus dem Secteur, awer och Kanner, jonk Leit, Pensionnairen a Benevollen uschwätzen.
De Remix Culture Club wäert eng wichteg Roll an de Virbereedungsjore spillen an als Instrument fir den Opbau vu Kapassitéite fungéieren. Ab 2018 wäerten eng Rei Workshops, Liesungen, Informatiounsevenementer a Weiderbildungsprogrammer – fir Jonk an Al, Professioneller an Amateuren, Benevollen an Déngschtleeschter – an de verschiddene Kulturariichtungen an ECoC-Uerter ugebuede ginn.
Kontaktéiert eisFräi Posten
TKuerz nom 10.November 2017 ginn déi fräi Posten ausgeschriwwen. D'Informatioiune fannt der op eisem Internetsite.
Kontaktéiert eis