À propos

Een zweete Bléck
op déi zweet Stad

FIRWAT ?

De Süde vu Lëtzebuerg an déi direkt Nopeschregioun op där anerer Säit vun der Grenz mat Frankräich hunn duerch hiren industrielle Patrimoine d’Regioun zu engem Uert gemaach, wou sech Mënschen aus ganz Europa begéinen. Nord a Süd sinn hei openee getraff, d’Migratiounsbeweegungen aus Italien, dunn aus Portugal hunn onverkennbar Spueren an der Entwécklung vun der Regioun innerhalb vun enger multikultureller Gesellschaft hannerlooss, déi weiderwierken. Och an eis Zukunft eran. De sozio-ekonomesche Wandel, d’Transformatioun vun enger Industrie- an eng Wëssensgesellschaft, wéi dat mat dem Plënnere vun der Uni op de Belval de Fall ass, stellt d’Regioun virun nei Aufgaben. Hei läit d’Zukunft vum Land an eis gemeinsam Aufgab ass et, se ze gestalten. Vun dem roude Buedem zu de groen Zellen, vun de „terres rouges“ zur „matière grise“. Eng Kulturhaaptstad ass eng ideal Méiglechkeet, déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zukunft nei ze denken a wäitreechend Perspektiven ze entaméieren, an dat wäit iwwert de Begrëff Kultur am enke Sënn eraus. Kultur muss nei iwwerduecht, nei formuléiert an als en zentrale Bestanddeel vun der gesellschaftlecher Entwécklung wouergeholl ginn. D’Kultur ass e Biergerrecht, un deem all op eng kreativ Manéier participéieren. Dowéinst ass d’Kandidatur fir Esch an d’Südregioun virun allem e participative Projet. Onofhängeg vun Originnen, Alter, Bildung a Geschlecht.

TERRITORY
ECoC 2022

TERRITOIRE ECOC 2022

D’Zil, eist Kulturhaaptstadjoer als e participative Projet ze organiséieren, steet net fir sech eleng. Ganz am Géigendeel. Dozou gehéiert, déi nach jonk Universitéit an hirem regionalen Ëmfeld ze verankeren. Dozou gehéiert, dass mir fir d’Industriebroochen, déi eis Regioun prägen, Konzepter entwéckelen, déi d’Vergaangenheet an d’Zukunft matenee verbannen. Dozou gehéiert, dass d’Kultur aus dem Exil vun den Institutioune befreit gëtt a méi am ëffentleche Raum stattfënnt. Dozou gehéiert, d’Digitaliséierung vun eiser Gesellschaft positiv ze notzen. Dozou gehéiert, de kulturelle Secteur weider ze professionaliséieren. Dozou gehéiert, vill Dreem ze hunn. Fir se ze deelen.

D’Widderspréch, déi eist Land prägen, sinn an hirem déifste Kär europäescher. An Diversitéit vereent, wéi et ëmmer nees heescht, ass eng wonnerbar Maxime, un där kontinuéierlech geschafft muss ginn. Dat erliewe mir hei am lëtzebuergesche Süden all Dag. Mä mir sinn dovun iwwerzeegt, dass net just eis Vergaangenheet, mä virun allem och eis Zukunft dorop opgebaut muss ginn.

Well an all dëse Widderspréch, Tensiounen an Erausfuerderunge läit en risegt Potenzial u Kreativitéit, dat et ze fërdere gëllt. Dowéinst wëlle mir d’Kultur an den Zentrum vun eiser Gesellschaft bréngen an hir transversal Kräften notzen.

Kaum eng Regioun ass an Europa denkbar, wou sech eng méiglech Zukunft vun eisem Kontinent besser a méi däitlech erane léisst wéi zu Esch an am Süde vu Lëtzebuerg. Hei huet sech de Prozess vun der europäescher Integratioun virun dem Hannergrond vun de Krichserfarungen am Kader vun der Montanunioun entwéckelt. Hei ass dëse Prozess op säin denkbar fruchtbarste Buedem gefall, well en an der Vermëschung vun de Kulturen a Mentalitéiten en idealen Nährbuedem fonnt huet.

about

An der haiteger Zäit, an engem Europa an der Kris, an där de Wollef am Schofspelz vum Nationalismus optrëtt, musse mir zwou Saache gläichzäiteg maachen, fir e positiivt Zeeche fir d’Entwécklung vun Europa an der Zukunft ze setzen: nees d’Grondwäerter vun der europäescher Integratioun fannen a si mat enger neier europäescher Visioun vermëschen. REMIXING EUROPE.

Mir setze mat eiser Kandidatur bewosst eng Géigepositioun zu de verschiddene Xenophobien a kulturellen Aus- an Ofgrenzungen, déi an ëmmer méi Deeler vun Europa an der Welt besti resp. nees opkommen. Well mir behaapten, dass d’Zukunft vun Europa an der denkbar radikaalster Vermëschung vu senge Kulturen an deene vun all den anere Mënsche läit. Dëst ze weisen, geléngt op bal kenger anerer Plaz besser wéi am lëtzebuergesche Süden, dem alen industriellen Häerz vun enger Regioun mat iwwer 120 verschiddenen Nationalitéiten.

REMIX CULTURE ass eise Prinzip a gläichzäiteg eis Strategie.

Andeems mir soen, dass d’Vermëschung vun de Kulturen d’adequat Form vun der Kulturverschibung ass, maache mir eng politesch Ausso, déi hir Wuerzelen an eiser Regioun huet. Esch ass dann den ideelle Mëttelpunkt vun Europa, gegrënnt op Kuel a Stol an enger vu Mënsche gestallter Industrielandschaft. Wou, wann net hei, wou sech d’Vergaangenheet an d’Zukunft treffen, kënne mir Äntwerten op d’Froe fannen: Firwat brauche mir (nach) Europa? Wou sti mir an der Globaliséierung? Gëtt et eng Chance fir eng politesch Integratioun a sollt si bis un den Ural goen?

strategie remix culture