TERRITOIRE
ECoC 2022
Esch Uelzecht dréit den Titel "Europäesch Kulturhaaptstad 2022". Mat abegraff sinn de Verband ProSud mat 11 Südgemengen esou wéi de Gemengeverband CCPHVA (Communité des communes du Pays Haut Val d'Alzette) op der franséischer Säit).
Een Europa dat
op d'Vermëschung
vun de Kulture setzt.
De lëtzebuergesche Süden an d’direkt Nopeschregioun op där anerer Säit vun der franséischer Grenz hunn eng Geschicht ze zielen. Eng déif europäesch Geschicht, déi mir gär bis un d’Grenze vun Europa – an doriwwer eraus – brénge wëllen. Well hei, am alen industriellen Häerz vun Europa, do, wou emol wichteg Weiche fir d’europäesch Integratioun gestallt goufen, wunnen haut iwwer 120 Nationalitéiten op enkem Raum zesummen. Hei kann een anen, wéi Europa an Zukunft ausgesi kéint. En Europa, dat op d’Vermësche vun de Kulture setzt, en Europa, dat sech dem Wandel vun enger Industriegesellschaft zu enger Wëssensgesellschaft kreativ a mat Courage stellt, en Europa, dat sech och den Erausfuerderunge vun enger ëmmer méi heterogener Gesellschaft bewosst ass, an en Europa, dat sech géint Nationalismus a Xenophobië vun all Genre positionéiert. Mir wëlle Kulturhaaptstad ginn, well mir d’Potenzial vun eiser Regioun notze wëllen an dovun iwwerzeegt sinn, nohalteg op d’Entwécklung vun eiser Regioun, awer och doriwwer eraus awierken ze kënnen.
ECoC
an Zuelen
- 2Länner
- 18Gemengen
- 200.000Awunner
Am Joer 2022 wäert och Kaunas am Häerz vu Litauen Europäesch Kulturhaaptstad sinn. Am Dezember 2016 hu mir d’Stad, hir Awunner an hiert ECOC-Team kenne geléiert. Direkt sinn eis spannend Kooperatiounsméiglechkeeten agefall, mir freeën eis op déi laangjäreg Zesummenaarbecht, déi elo virun eis läit.
Méi Dozou